top of page

E Virwuert vum Nationalpresident

 

Léif Lëtzebuerger Natioun,

 

Vereent an der Partei déi Konservativ, getrei der Burke’scher Philosophie, ënnert de Leetlinne vum biergerleche Konservatismus, positivem Patriotismus, a gelieftem Fräiheetsverständnis, triede mir als Europareformiste mam Slogan “D’éischt Lëtzebuerg, dann Europa!” bei den Europawahlen 2019 fir dat 9. Europäescht Parlament un, a fir d’Interessen, d’Wäerter, d’Souveränitéit an d’Kompetenze vun eisem Land. Et ass eng Missioun mat Léift a Leidenschaft fir eist Land - Lëtzebuerg ass eis ieweschst Prioritéit! Als Partei, hu mir ee patriotescht Bekenntnis fir eist Land, eise Fändel an eis Kroun ofgeluecht, an dozou sti mir trei.

Mir sti fir eng nei Chance fir déi europäesch Iddi, fir en Europa vun de fräien a souveräne Natiounen a fir reell Vëlkerfrëndschaft an Europa. Am gudde Wëssen ëm eis politesch Aufgab a Verantwortung, déi mir fir eist Land an eis Landsleit droen, biede mir Iech de 26. Mee ëm d’Ënnerstëtzung fir eis europapolitesch Visioun.

Eis Partei vertrëtt mat hirem Europawahlmanifest fir d’Europawahlen 2019, eng Rei interessant Programmpunkte fir Lëtzebuerg an Europa. Et ass eng wichteg politesch Grondlag op déi eis Partei, nieft hire Statuten, hirem Grondsazprogramm an hirem Chamberwahlmanifest gebaut ass, an déi Iech weist, fir wéi ee politesch a gesellschaftlecht Weltbild eis Partei - op europäeschem Plang - antrëtt. Dir wielt de 26. Mee fir Lëtzebuerg. Wielt och dir géint de Stroum, fir Ëmbroch a Verännerung. Wielt och dir, fir eng geeschteg Erneierung vun Europa! Wielt d’Lëscht 3 - déi Konservativ.

“Eist Zil ass et net, déi europäesch Staaten ze verschmëlzen an een Iwwerstaat ze schaafen. Déi europäesch Staate sinn eng historesch Wierklechkeet, si verschwannen ze loosse, wier psychologesch onméiglech.”

 

den Europapionéier Robert Schuman

Joe THEIN

bottom of page