top of page
Suche
  • Autorenbildvfpetre

Eng gesond monetär Finanzpolitik! - Punkto Steieren

Géint de Steierkommunismus.

D’EU ass kee Nationalstaat mat engem eegene Vollekssouverän, mä e „Vëlkerbond”, en Zesummeschloss vun allerlee Natiounen mat ënnerschiddleche nationale Politiken, Gesetzgebungen, Souveränitéiten a Kompetenzen. Heiraus ergëtt sech logescherweis datt d’EU ouni nationalstaatleche Charakter kee Kompetenzrecht an der Besteierungspolitik huet resp. keng europäesch Steieren erhiewe kann, e.a CO2-Steier, Fluchsteier, Finanztransaktiounssteier. Mir si géint deen envisagéierte Steierkommunismus a fir d’Fiskalitéit als national Kompetenz.


Keng Finanztransaktiounssteier.

Trotz esou politesche Bestriewunge, verwiere mir eis géint den Agrëff an eise Nationalstaat a si géint den Zougang vun der EU an déi onofhängeg Finanzéierungsquellen vun de Memberstaaten. Mir stelle sécher, datt d’EU d’Fangeren an der Steierpolitik, ewechhält! Nom Verloscht vum Bankgeheimnis, wier iwwerdeems och eng Finanztransaktiounssteier um Aktiëmaart nees eng weider Néierlag fir d'Lëtzebuerger Finanzplaz a Wirtschaft. D’EU verfügt mat den Douanesaccisen, der TVA-Ressource, de Ressource aus dem Bruttonationalakommes, an diversen anere Ressourcen, iwwert eege Finanzéierunsgmechanismen.


Géint d’Banken an Transferunioun.

Mir si géint all Schrëtt a Richtung Banken- an Transferunioun mat der Vergemeinschaftung vun de Scholden, an der Dominanz vum Bankewiesen. Mir kritiséieren e.a d’EZB-Methoden an hir Geldpolitik, de Kaf vu Staatsobligatiounen (ronn 4€ Billioune staatlech a privat Obligatiounen), all déi dubiéis Kreditter, an d’Nullzënspolitik. Mir sinn och géint d’Ofschafung vum Boergeld duerch Elektroniséierung op all Niveauë a fir eng käschtefräi Notzung vum Bankwiesen an Europa.


Eng gerecht a fair Steierpolitik.

Lëtzebuerg soll awer all Efforte géint d’Steierhannerzéiung, Steierbedruch a Steierflucht maachen a sech fir eng gerecht Steierpolitik asetzen, och mam Verweis op de Steiersaz an d’Steierkollekt bei Multinationalen. Mir fuerderen d’Ofschafung vun de Steiervereenbarungen („Rulings”) tëscht Staat a Grousskonzerner a sti fir eng konsequent Besteierung vum kommerzielle Benefice do wou de Betribsstanduert ass; et ass eng wichteg Steierquell vum Staat.



3 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page