top of page
Suche
  • Autorenbildvfpetre

D’Natur als Liewensgrondlag! - Punkto Landwirtschaft

Ënnerstëtzung fir d’Letzebuerger Landwirtschaft.

Mir si Garant fir eng trei Ënnerstëtzung vun eiser traditioneller a nationaler Agrar- a Landwirtschaft als vollekswirtschaftleche Secteur. Mir setzen eis dofir an, datt eng Politik zugonschte vum Agrarsecteur gemaach gëtt, e.a fir eis Bauerebetriber, d’Land- an d’Forstwirtschaft, d’Véi- an d’Fëschzuucht, de Wäibau, d’Imkerei an den Uebst- a Gaardebau. Mir setzen eis och fir eng méi staark Förderung vun der Biolandwirtschaft an. D‘Zil ass ee Lëtzebuerger Giddersiggel wou d’Endresultat de Beweis vun nohalteger, qualitativer, produktiver, gesonder a verbraucherfrëndlecher Politik ass.


Nieft eiser nationaler Ubau- an Erzeugungskultur, ass eis awer och den europäeschen Handel an Import wichteg, fir d’Konsumfräiheet, d’Diversitéit an ee grousse Choix. Dëst bedéngt och, ee gudde Verbraucherschutz an de Respekt fir déi europäesch Normen.


Géint Gentechnik.

Fir eis gëllt eng gesond Konsum- a Verbrauchsmoral, mat der Volleksgesondheet als Zil. Deemno si mir - aus etheschen - a gesondheetspoliteschen Aspekter - géint d'Gentechnik, a fir eng héichwäerteg Kontroll. Mir leenen OGM'en, genmanipuléiert, gëfteg, ëmweltschiedlech, oder kënschtlech ongewëss Produiten, oder den Import vu Glyphosat, Insektiziden, asw., of.




2 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page