D’Natur als Liewensgrondlag! - Punkto Familljewiesen
d’fräi Gestaltung vun enger op Léift opgebauter Liewensgemeinschaft tëscht zwou erwuessene Persounen.
Léif Lëtzebuerger Natioun,
Vereent an der Partei déi Konservativ, getrei der Burke’scher Philosophie, ënnert de Leetlinne vum biergerleche Konservatismus, positivem Patriotismus, a gelieftem Fräiheetsverständnis, triede mir als Europareformiste mam Slogan “D’éischt Lëtzebuerg, dann Europa!” bei den Europawahlen 2019 fir dat 9. Europäescht Parlament un, a fir d’Interessen, d’Wäerter, d’Souveränitéit an d’Kompetenze vun eisem Land. Et ass eng Missioun mat Léift a Leidenschaft fir eist Land - Lëtzebuerg ass eis ieweschst Prioritéit! Als Partei, hu mir ee patriotescht Bekenntnis fir eist Land, eise Fändel an eis Kroun ofgeluecht, an dozou sti mir trei.
Mir sti fir eng nei Chance fir déi europäesch Iddi, fir en Europa vun de fräien a souveräne Natiounen a fir reell Vëlkerfrëndschaft an Europa. Am gudde Wëssen ëm eis politesch Aufgab a Verantwortung, déi mir fir eist Land an eis Landsleit droen, biede mir Iech de 26. Mee ëm d’Ënnerstëtzung fir eis europapolitesch Visioun.
Eis Partei vertrëtt mat hirem Europawahlmanifest fir d’Europawahlen 2019, eng Rei interessant Programmpunkte fir Lëtzebuerg an Europa. Et ass eng wichteg politesch Grondlag op déi eis Partei, nieft hire Statuten, hirem Grondsazprogramm an hirem Chamberwahlmanifest gebaut ass, an déi Iech weist, fir wéi ee politesch a gesellschaftlecht Weltbild eis Partei - op europäeschem Plang - antrëtt. Dir wielt de 26. Mee fir Lëtzebuerg. Wielt och dir géint de Stroum, fir Ëmbroch a Verännerung. Wielt och dir, fir eng geeschteg Erneierung vun Europa! Wielt d’Lëscht 3 - déi Konservativ.
“Eist Zil ass et net, déi europäesch Staaten ze verschmëlzen an een Iwwerstaat ze schaafen. Déi europäesch Staate sinn eng historesch Wierklechkeet, si verschwannen ze loosse, wier psychologesch onméiglech.”
–
den Europapionéier Robert Schuman
d’fräi Gestaltung vun enger op Léift opgebauter Liewensgemeinschaft tëscht zwou erwuessene Persounen.
Eng ekologesch Philosophie. Den Déiereschutz stäerken! Kee grénge Klimapopulismus. Senkung vun den C02 Emissiounen an dem Plastikoffall
Ënnerstëtzung fir d’Letzebuerger Landwirtschaft. Géint Gentechnik. Ënnerstëtzung vun eiser traditioneller a nationaler Agrarwirtschaft
Eng gesond monetär Finanzpolitik! - Punkto Sozialstaat. Eise fortschrëttleche Sozialstaat.. Am Kampf géint d’Aarmut.
Géint de Steierkommunismus.Keng Finanztransaktiounssteier. Géint d’Banken an Transferunioun. Eng gerecht a fair Steierpolitik.
Ee positive Patriotismus. Eis Partei setzt sech fir d’Wäertschätzung, den Erhalt an d’Fleeg vun der Lëtzebuerger an Europäescher Kultur
Eis Identitéit an Europa! Punkto Lëtzebuerger Sprooch Offiziell EU-Sprooch! Esou ewéi zu Lëtzebuerg,
Eng méi sec Migratiounspolitik. Mir wëllen déi katastrophal Migratiouns- an Asylpolitik vun der Europäescher Unioun endlech stoppen
Effikasse Grenzschutz. D’National Souveränitéit an d’bannescht Sécherheet, ergi sech aus séchere Baussegrenzen. Dofir ass et eise Plädo
Wirtschaftsliberal Zesummenaarbecht. Eis Partei trëtt fir eng fräiheetlech a sozial Wirtschaftspolitik an. D’EU muss sech aktiv a bevirzuc
Eng Baussepolitik fir Lëtzebuerg! - Punkto Auslandsbezéiungen Am Interessi vum Vëlkerdialog. Russland als wichtege Partner.
Punkto Transparenz Eng oppen Informatioun. Eis Partei steet fir eng oppen Transparenz an der Europäescher Unioun, e.a bei der Roll an Aufg
De Verfassungsvertrag fir Europa gouf am Joer 2005 per Referendum mat engem klore Nee vu Frankräich an Holland ofgeleent. Trotz dëser Deci
Konservativ Punkte fir Lëtzebuerg an Europa D’Europa vun de Natiounen!
Vereent an der Partei déi Konservativ, getrei der Burke’scher Philosophie, ënnert de Leetlinne vum biergerleche Konservatismus, positivem