top of page

D’Natur als Liewensgrondlag! - Punkto Ëmwelt a Natur

  • Autorenbild: vfpetre
    vfpetre
  • 14. Mai 2019
  • 1 Min. Lesezeit

Eng ekologesch Philosophie.

Et muss nieft der Ëmweltfuerschung, och fir den Erhalt vun enger intakter Ëmwelt, enger propperer Ekologie, d’Förderung vun erneierbarer Energie, enger genereller Récksiicht op d'Biodiversitéit, d'ierdesch Preservatioun, den Erhalt vu Gréngzonen a natierleche Ressourcen, d'Protektioun vu Flora a Fauna, d'Propretéit vun eise Flëss, d'Regeneréierung vun der Natur, souwéi fir d'Aarteräichtem vun eise Wisen, an eisem Déiereräich staark gemaach ginn.


Den Déiereschutz stäerken!

Och eng aktiv Förderung vum Déiereschutz an Europa ass eis wichteg. Eis Partei fuerdert ee virbildlechen Déiereschutz an Europa, wou ee wierdvollen Ëmgang, mat Léift a Matgefill fir eis Déierewelt, „common sense” ass. Eng Déiereschutzpolitik mat rechtlechem Statut vun der Dignitéit, a virum kommerziellen Interêt. Hei muss aktiv an EU-wäit, fir déi westeuropäesch Standard’en a Normen militéiert ginn.


Kee grénge Klimapopulismus.

Fir eis Partei ass d’Ekologie eng wichteg Liewensgrondlag, dofir si Moossnamen zur Senkung vun den C02 Emissiounen an dem Plastikoffall, souwéi de Prinzip vum „Payeur-Pollueur” noutwenneg. Mir sinn allerdéngs decidéiert géint ee grénge Klimapopulismus, wou e.a mat gréng-lénker Verbuetspolitik (Dieselfuerverbuet), Bezuelpolitik (CO2-Steier, Fluchsteier, PKW-Maut, asw.) geschafft gëtt an ee Verloscht vu Liewensqualitéit a Fräiheete virprogramméiert ass.




Kommentare


661 910 717

©2019 by Déi Konservativ

Abonnement

 - Politesch Partei déi Konservativ Lëtzebuerg. - mat konservativer a patriotescher Philosophie - am Interessi fir d‘demokratescht a politescht Liewen

bottom of page