top of page
Suche
  • Autorenbildvfpetre

D’Natur als Liewensgrondlag! - Punkto Familljewiesen

D’Familljepolitik bleift heiheem!

Eis Partei leet grousse Wäert op d’Famill als Gesellschaftswuerzel. D’Familljepolitik an d’Familljerecht solle net vun der EU diktéiert an decidéiert ginn, a keng auslännesch Jurisprudenzen am Familljerecht amplaz trieden. Dës Gesetzer sinn och applikabel a rechtens géintiwwer Auslänner aus frieme Kulturkreesser mat anere Wäertervirstellungen oder reliéisen Iwwerzeegungen. D’Familjepolitik ass per se, eng national Käraufgab vun eisem eegene Staat: D’Familljewiese muss gesellschaftspolitesch, framilljefëndlech a finanziell méi ënnerstëtzt ginn.


Ee Jo zur Famill.

D’Definitioun vun enger Famill, ass fir eis Partei, d’fräi Gestaltung vun enger op Léift opgebauter Liewensgemeinschaft tëscht zwou erwuessene Persounen. Eis Partei erkennt souwuel déi traditionell-klassesch Famill vu Mann a Fra, ewéi och den avantgardistesche Liewensmodell vun zwou homosexuelle Persounen un. Béid Konstellatioune erfëllen d’Interessi vu konservativem Familljeliewen, wou d’Léift, d’Familljegrënnung an d’Liewe vu Familljewäerter, als eng urkonservativ Eegeschaft am Fokus steet. Mir schwätzen eis fir d’gläichwäerteg Unerkennung vum hetero- an homosexuelle Pacs a Bestietnis. Mir sti fir d’Engagement géint d’Diskriminéierung an Homophobie.



7 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page