top of page
Suche
  • Autorenbildvfpetre

Eng gesond monetär Finanzpolitik! - Punkto Sozialstaat

Eise fortschrëttleche Sozialstaat.

Fir déi Konservativ ass de Lëtzebuerger Sozialstaat net nei verhandelbar. Eis Partei versteet sech an der Verdeedegung vun eiser sozialen Errongenschaften an eisem sozialfortschrëttlechem Niveau. Am Kloertext heescht dat, datt mir eis Lounregelungen, Kollektivvertreeg, eis Renten, eise Mindestloun, eise Revis an eis Steierpolitik net aus falscher Solidaritéit mat sozial- oder wirtschaftsschwaache Natiounen vereenheetleche wëllen; d’Gefor vum Sozialdumping ass reell. Mir triede géint enger Kommuniséierung vun der Aarmut an der EU decidéiert entgéint. Dofir muss de Sozialversécherungs- a Gesondheetssystem a nationaler Hand bleiwe a kee Kompetenzrecht verluer goen.


Am Kampf géint d’Aarmut.

Aktuell Zuelen aus dem Mäerz 2019 zielen eng Aarbechtslosegkeet vu 15.907.000 Leit an der EU, 12.630.000 an der Eurozon, a 16.000 zu Lëtzebuerg. Hei am Land hu mir also selwer genuch Hausaufgaben. Mir sinn géint eng EU-wäit Aarbechtsloseversécherung. A mir si géint d’Aarmutszouwanderung an eis Sozialsystemer. D’Schafung vun neien Aarbechtsplazen, ass eng sozial Prioritéit: Den Télétravail an d’Startups, musse verstäerkt als Beruffsperspektiven ënnerstëtzt ginn. D’Exilatiounspolitik vun de Lëtzebuerger un d’Grenz oder an d’not Ausland, muss gestoppt ginn. Solidaritéitsfongen duerfe net méi politesch zweckentfriemt ginn.


E Schoulsystem vum Erfolleg.

Ee gudde Bildungssystem als Grondviraussetzung. Vu Virdeel gesi mir eng Kooperatioun an der Schoulpolitik, z.B am Kader vum eenheetleche Punktesystem ECTS, de Bildungsreesen an der fräier Studien-, Uni- an Héichschoulauswiel an Europa.




1 Ansicht0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page