top of page

D’Europa vun de Natiounen!

  • Autorenbild: vfpetre
    vfpetre
  • 14. Mai 2019
  • 1 Min. Lesezeit

Konservativ Punkte fir Lëtzebuerg an Europa


D’Recht op déi eege Natioun.

Op Basis vum Respekt an dem Räichtem vun allerlee Kulturen, Traditiounen, Sproochen, historesche Geschichten, a Wäerteuerdnungen, sti mir fir d’Europa vun de fräien a souveräne Natiounen mat Recht op déi eege Kulturexistenz, Identitéit a Souveränitéit.


Fir d’Iddi vum Nationalstaat.

Mir bleiwen der Iddi vum Nationalstaat an der Vollekssouveränitéit trei verbonne. Gläichzäiteg sti mir zur europäeschem Grondgedanken a setzen eis fir eng gutt Noperschaft vum Dialog an der Kooperatioun an; si ass de Garant vu politescher, sozialer an ekonomescher Harmonie an der Vëlkerfrëndschaft an Europa.


Back to basics: Eng ekonomesch Unioun.

D’EU soll d’Missioun an d’Prinzipie vun enger Interessegemeinschaft erfëllen, besonnesch um ekonomesche Plang - eng Wirtschaftsgemeinschaft, ewéi am Vertrag vu Roum 1957 decidéiert. D’Stäerkt vun der EU, gesi mir am gemeinsame Bannemaart.


Analys a Neiverhandlung vun alle Vertreeg.

Mir setzen eis getrei eiser Reformphilosophie, fir politesch Neiverhandlungen vun den Vertreeg a fir ee strukturellen Ëmbau an - just esou esou gewënnt den europäesche Projet erëm u Popularitéit!

Comments


661 910 717

©2019 by Déi Konservativ

Abonnement

 - Politesch Partei déi Konservativ Lëtzebuerg. - mat konservativer a patriotescher Philosophie - am Interessi fir d‘demokratescht a politescht Liewen

bottom of page