top of page
Suche
  • Autorenbildvfpetre

D’Europa vun de Natiounen! - Punkto Transparenz

Eng oppen Informatioun.

Eis Partei steet fir eng oppen Transparenz an der Europäescher Unioun, e.a bei der Roll an Aufgab vum Volleksvertrieder, senge Verbindungen, der Verëffentlechung vu senge Niewentätegkeeten a senge politeschen Akommessen. Iwwerdeems muss et een transparenten Abléck an integralen Accès an all politesch Debatten an Informatioune ginn. Mir setzen eis fir eng Verëffentlechungsflicht mat onageschränktem Recht op Informatioun an. Eng Dateschutzgrondveruerdnung muss gläichermoosse, Sécherheet a Fräiheet am Interessi vun de Bierger garantéieren; esou mussen ee vertraulechen a professionellen Ëmgang mat de perséinlechen Informatiounen gi sinn, an all privat a vertraulech Donnéeë beschtens protegéiert sinn.


Fir d’Meenungsfräiheet.

D’Meenungs- an d’Informatiounsfräiheet um Netz muss bestoe bleiwen. Ideologesch Initiativen a Campagnen souwéi hir Subventionéierung, z.B an der Gesellschaftspolitik (Genderagenda) oder géint déi rietsdemokratesch Politik, sinn an ze stellen. Mir sinn och géint ee „Wourrëchtsministerium” mam Zil vu politescher Korrektheet, an domat d’Klassifizéierung vu Meenungen, als „Hate Speech” a „Fake News”. Als Partei si mir, logescherweis och géint d‘Akraafttriede vum Uploadfilter (Artikel 11 + 13) a géint d’Zensur op de soziale Medien. Dës Positioune stinn am Interessi, fir déi fräi Meenung an de geeschtege Pluralismus. Mir sinn domat och géint ee Generalverdacht vun der Urheberrechtsblessur.


An d’modern Digitaliséierung.

D’Europa vum 21. Joerhonnert ass ëmmer méi digital a medial vernetzt: D’Digitaliséierung bitt eng Rei Fortschrëtter, z.B gratis Wifi, fräien Internetaccès, asw. Et bleift awer och de sécherheetstechnesche Kampf géint d’Cyberkriminalitéit.




0 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page