Effikasse Grenzschutz.
D’National Souveränitéit an d’bannescht Sécherheet, ergi sech aus séchere Baussegrenzen. Dofir ass et eise Plädoyer fir een aktive Grenzschutz op den EU-Baussegrenzen mat a mat systemateschen, zäitbedéngten a punktuelle Grenzkontrollen op den EU-Bannegrenzen. Den Asaz vu vun der Grenzwaacht „Frontex” muss intensivéiert ginn.
De Schengenaccord reforméieren!
An der „Schengenreform” mussen de Schengentraité, souwéi bestoend Kooperatiouns- an Assoziatiounsofkomessen, nei geregelt ginn. D’„Fräizügegkeet” an der EU ass mat dëser Positioun net a Fro gestallt. Eis geet et ëm e bessere Kontrollmechanismus, géint d’illegal Immigratioun, den Import vu Kriminalitéit an den vernetzten Terrorismus. Grenzschutz ass eng nationalpolitesch Kompetenz an eis politesch Responsabilitéit mat Bléck op eng Welt am Globalismus.