top of page
Suche
  • Autorenbildvfpetre

Eng Baussepolitik fir Lëtzebuerg! - Punkto Migratiounspolitik

Eng méi sec Migratiounspolitik.

Mir wëllen déi katastrophal Migratiouns- an Asylpolitik vun der Europäescher Unioun endlech stoppen a sti fir eis Souveränitéit an der Migratiounsfro. Eleng zu Lëtzebuerg goufen et 2018 ronn 2.500 Asyluntreeg, 1.150 goufen accordéiert. Mir garantéieren eng restriktiv a konsequent Asylpolitik, wou Asylillegalitéit an Asylmëssbrauch verhënnert ginn e.a duerch ee gestäerkte Grenzschutz an der Sécherung vun eise Baussegrenzen. Asyldemanden, solle baussent der EU geregelt ginn mam Verbleif an Asyltransitzonen.


Management getrei Konventiounen.

Asyl ass een zäitbedéngte Schutz mat Réckféierung - vergläichsweis „Remigratioun”. Vertreeg ewéi d’Flüchtlingskonventioun vu Genf, an d’Dublin III Veruerdnung mat der Sécher-Drëtt- Staateregelung musse nees korrekt applizéiert ginn. Internationale Schutz erfuerdert d’Erfëllung vun de Vertragskritären; anerefalls soll keng Arees, keng Openthaltserlabnis a keen Urecht op Sozialleeschtungen accordéiert ginn. Nëmmen dann, wann d’Iwwerpréiwung vum Asylrecht stattfënnt, kann de System eppes daachen a fir déi éierlech Flüchtlinge garantéiert sinn. Ee Migratiounskontingent, deen de Migrantestatut an de Flüchtlingsstatut kloer regelt, ass eng nationalpolitesch Noutwennegkeet.


Keng Liberaliséierung an der Migratiounsfro.

Den UNO-Migratiounspakt, de Verdeelungsschlëssel, d’Flüchtlingsquoten oder de „Resettlement”-Programm, si konsequent af ze leenen. D’Migratiounsfro muss zu enger politescher Prioritéit ginn.




6 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page