top of page
Suche
  • Autorenbildvfpetre

D’Europa vun de Natiounen! - Punkto EU Grondlag

Decisioune respektéieren!

De Verfassungsvertrag fir Europa gouf am Joer 2005 per Referendum mat engem klore Nee vu Frankräich an Holland ofgeleent. Trotz dëser Decisioun, gouf de Bierger an Europa, e „Copy- Paste” vun dësem Traité am Joer 2009 als „Lissabontraité” opgezwong; Irland gouf geméis senger Verfassung zu engem zweete Referendum genéidegt. Mir sinn als Partei der Meenung, datt dëst eng weider „faute grave” vun der EU gewiescht ass.


Eng eestëmmeg Basis.

Mir fuerderen dofir, datt, parallel mam Ëmbau an der Ëmstrukturéierung vum System, eng nei europäesch Verfassung a Kraaft triede muss – als Grondlag vun der EU a gewielt an aller Eestëmmegkeet. An dësem, muss de Fonctionnement, d’Spillregelen, d’Rechter an d’Flichten verankert sinn, an d’Bäi- an d’Austrëttsprozeduren aus der EU, der Eurozone an aneren Institutioune néiergeschriwwe sinn. Déi national Verfassungen mussen awer ëmmer iwwert dem Europäesche Recht stoen, an d’Vetorecht an d’Avise vun de Nationalstaate bäibehale ginn, fir datt déi national Souveränitéit erhale bleift: Esou muss also eng national Geneemegung erdeelt ginn, och am Kontext vun EU-Direktiven. Eng ganz Rei nationalpolitesch Kompetenze mussen an de Nationalstaat récktransferéiert ginn.




0 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page