top of page
Suche

Eng Baussepolitik fir Lëtzebuerg! - Punkto Auslandsbezéiungen

Am Interessi vum Vëlkerdialog.

Fräiheet, Souveränitéit, Recht a Sécherheet si wichteg Pilieren a Leetlinne, déi ee mat enger staatsmännescher Aussepolitik am nationalem Interessi versteet. Et ass déi aussepolitesch Aufgab, fir eist Land a säi Ruff, éierbar an diplomatesch an ze trieden, a fir gutt diplomatesch Vertriedung ze suergen. Als Partei setze mir dowéinst op international Vëlkerfrëndschaft, d’Friddensuerdnung, de Respekt virum Vëlkerrecht an d’Eegebestëmmung vun de Natiounen. Gläichzäiteg däerf et kengerlee friem Amëschung an eis Nationalstaatlechkeet ginn.


Russland als wichtege Partner.

Esou fuerdere mir, nieft den USA an anere Groussmiecht, och gutt aussepolitesch Bezéiunge mat Russland. Fir eng stabil Friddensuerdnung an Europa, an als Bäitrag zur Vëlkerverstännegung, ass eng Aussepolitik mat Russland, amplaz géint si, a mat Diplomacy, amplaz Sanktiounspolitik wichteg – et ass eis Fuerderung fir ee Stopp vun de politesche Sanktiounen. Mir setzen och op ee verstäerkten Dialog mat der Visegrad-Staaten. Eiser Partei läit och d’Friddensengagement am Noen Osten um Häerz; eng Zwoustaateléisung man Existenzrecht Israels.


Keen Tierkei-Bäitrëtt!

De Bäitrëtt vun der EU an d’Tierkei ass definitiv ausgeschloss. Mir sinn och géint déi prinzipiell Erweiderung vun der EU. Trotz wirtschaftlecher Relevanz, stelle mir d’Zesummenaarbecht mat Saudi-Arabien op ville politeschen a kulturelle Pläng a Fro.



0 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page