top of page
Suche
  • Autorenbildvfpetre

Eng Baussepolitik fir Lëtzebuerg! - Punkto Aussenhandel

Wirtschaftsliberal Zesummenaarbecht.

Eis Partei trëtt fir eng fräiheetlech a sozial Wirtschaftspolitik an. D’EU muss sech aktiv a bevirzucht mat der Welthandelsorganisatioun WTO fir ee gudden EU Aussenhandel engagéieren an dem Protektionismus entgéint wierken – d’Zil vun enger gesonder Gesamtekonomie am Respekt zu de Sozialstandarten (e.a vum Verbraucher- an Ëmweltschutz) steet am Fokus. Den Internethandel, mä och d’Handelsfräiheet zur Séi, zu Loft an um Buedem, souwéi den Zougang zu Ressourcen, Energie, den Handelssrouten an Handelszenteren, asw., musse séchergestallt ginn. A Kooperatioun mat de Natiounen, soll sech aktiv fir eng Léisung bei Handelsembargoen a Blockade staark gemaach ginn, den ekonomesche Wettbewerb tëscht de Natioune belieft ginn a gesond Vollekswirtschaften ervirbruecht ginn.


Nei Handelspartnerschaften.

Genee sou, ewéi bei de politesche Bezéiunge, mussen eis Wirtschaftsinteresse géintiwwer de grousse Miecht gefleegt, gewort a verdeedegt ginn. Nieft eise politeschen an ekonomesche Relatiounen, ass och eng gestäerkten ekonomesch Zesummenaarbecht mat der eurasescher Wirtschaftsgemeinschaft wichteg. Iwwerdeems fuerdere mir ekonomesch Neiverhandlungen mam Vereente Kinnekräich am Fall vum „Brexit“ – och zum Schutz vun der Finanzplaz Lëtzebuerg.



5 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page