top of page

D’Europa vun de Natiounen! - Punkto Demokratie

  • Autorenbild: vfpetre
    vfpetre
  • 14. Mai 2019
  • 1 Min. Lesezeit

De Respekt vum Europäesche Recht.

D’Europäesch Unioun huet e groussen Demokratieproblem. D’Europäesch Unioun muss eng Demokratiséierung bis an hire Systemkär erliewen. Eng integral a systematesch EU-Reform bedeit, nieft dem neie Modell, datt deen demokratesche Grondsaz, de Subsidiaritéitsprinzip, den Eegstëmmegkeetsprinzip, an de Respekt virum europäesche Recht (z.B Kopenhagener Kritären, Maastricht-Kritären, asw.) nees vollwäerteg hiergestallt a revitaliséiert ginn. Déi permanent Violatioun vun de Vertreeg, de Gesetzer, de politesche Prinzipien an d’Aflossnam vu Lobbyiste schuet dem europäesche Geescht.


D’Kultur vum Referendum.

Mir maachen eis staark, datt europawäit Volleksreferende stattfannen, d’legislativt Initiativrecht fir d’Europaparlament agefouert gëtt, an d’net-gewielten EU-Komissioun - mat hirem Kommissiounspresident - eng politesch Eligibilitéit a Legitimitéit kritt.


Eng demokratesch Legitimitéit.

De gëltege Wielprinzip, soll an all Land, strikt dee vun der nationaler Gesetzgebung an de Nationalkandidate sinn, ma d’Optioun fir een zousätzleche Vott, als demokratesch Ergänzung an Erweiderung, e.a fir eng Direktwiel vu Spëtzeposten, z.B den europäesche Spëtzekandidaten, dem Kommissiounspresident, oder den europäesche Gruppementer, bleift eng Iddi.



 
 
 

Commentaires


661 910 717

©2019 by Déi Konservativ

Abonnement

 - Politesch Partei déi Konservativ Lëtzebuerg. - mat konservativer a patriotescher Philosophie - am Interessi fir d‘demokratescht a politescht Liewen

bottom of page