top of page
Suche
  • Autorenbildvfpetre

Eng gesond monetär Finanzpolitik! - Punkto Staatsverschëldung

De Subsidiraitétisprinzip verdeedegen.

D'Memberschaft an der EU, heescht fir eis, datt d'Konvergenzprinzipie wéi de „No-Bailout”, eng Clause déi d'Haftung vun der EU, souwéi d'Verbëndlechkeete vun alle Memberstaate fir eenzel Memberstaaten ausschléisst, nees geltend Recht no Art. 125 vum AEU-Vertrag ass. Dat selwecht gëllt fir d’Maastrichtkritären no Art 126. an Art 140., déi soen datt d’Staatsschold net méi ewéi 60% iwwert dem Bruttoinlandsprodukt leien duerf a kee Joresdefizit iwwer 3%. Mir schwätzen hei vum essentielle Subsidiaritéitsprinzip dee gewort gi muss.


Den EU-Haushalt erofschrauwen!

De jäerlechen EU-Haushaltsplang läit fir d’Joer 2018 bei 165,8 Milliarden € - eng Steigerung vun 3,2%. Mir protestéiere géint d’Ausweidung vum EU-Haushalt, fuerderen eng vollwäerteg Transparenz, a si géint d’Erhéijung vun der Finanzbedeelegung. Weiderhin fuerdere mir datt d’Ausgaben an de Käschtepunkt vun der EU radikal erofgeschrauft ginn.


D’Neiuerdnung vun der Eurozon!

Mir fuerderen iwwerdeems d’Neiuerdnung vun der Eurozon mat temporären oder dauerhaften Ausschloss vu failliten, oder héich verschëlte Staaten. Fir si proposéiere mir dee Retour zur nationaler Währung. D’Eurozon an hir Ekonomien musse nees wettbewerbsfäeg, stabil a produktiv ginn. Eis Partei steet fir den € als Gemeinschaftswährung, plädéiert awer fir e nationale Noutfallplang fir eise Frang am Fall vum Eurokollaps. D’Eurorettungspolitik an déi domat verbonne Milliardenzommen a Vergemeinschaftung vun de Scholde si fir eis de falsche Solidaritéitsprinzip.




3 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page