top of page
Suche
  • Autorenbildvfpetre

D’Europa vun de Natiounen! - Punkto Bürokratie

Schluss mam EU Verwaltungsapparat!

D’Europäesch Unioun schafft mat enormer Bürokratie an engem risege Verwaltungsapparat mat 12 EU-Institutiounen, 24 EU-Argenturen, 44.000 EU-Beamten, 11.000 Ugestallten, iwwer aacht Milliounen € Personalpaien, an ongewëss Zuele vun Déngschtleeschtern. Weiderhin bezilt si un d’Députéiert, hir Kommissären a Beamten onvirstellbar héij Paien a Pensiounen, mat steierfräien Zoulagen, Vergënschtegungen an allerlee extra Privilegien. Eis Partei wäert sech engagéiert dofir asetzen, de Verwaltungsapparat of ze bauen, ze verklengeren an ze vereinfachen, a fir e gerechten Entloun an ze trieden. An Zukunft soll et just ee feste Sëtz fir d’Parlamentssëtzunge ginn, esou setze mir een Hiewel un um Käschtepunkt, der Logistik an der Administrativitéit. Fir d’allgemengt Verständnis, sinn d’Nimm an d’Roll vun den EU- Institutiounen, entspriechend ze simplifiéieren. Lëtzebuerg muss jiddefalls Sëtz vu wichtegen europäeschen Institutioune bleiwen.


Schluss mat der Korruptioun!

Och d’EU-Stëftungen an d’Subventioun vun den Europaparteie chiffréiere sech ob eng Milliounenhéicht. An engems muss och deen „Subventiounsdjungel” an den Afloss an d’Verbindunge vu Lobbyistegruppen a Politiker ënnert d’Lupp geholl ginn a verstäerkt géint d’Korruptioun an d’Interessekonflikter agéiert ginn.



2 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
bottom of page