Eng Baussepolitik fir Lëtzebuerg! - Punkto Entwécklungshëllef
- vfpetre
- 14. Mai 2019
- 1 Min. Lesezeit
Entwécklungshëllef jo, mä...
Mir wëlle sozial an humanstisesch um Weltplang matwierken, mä d’éischt déi eege Prioritéit op eist Land leeën, éier mir d’Welt retten. Mir triede fir eng solidaresch, ëffentlech Entwécklungspolitik mat Kontroll, Effizienz an Intelligenz. D’Entwécklungshëllef soll eng effektiv Hëllef zur Eegenhëllef sinn, fir d’Zil vu wirtschaftlecher Entwécklung, dem Opbau vu Bildungssystemer, staatlechen Institutiounen, an d’Befreiung vum finanzielle Kolonialismus.
Reell an effikass Moossnamen.
Dat heescht konkret: Mir setze primär op eng materiell, politesch a sozial Kooperatioun - mat Hëllef an der Praxis an am Kontext vun den ekonomeschen Eegeninteresse vu Lëtzebuerg. Och de Fräihandel mat dëse Länner, d’Rëmhierstellung vun der politescher Stabilitéit, an d’Beendege vum Missmanagement an der Entwécklungshëllef, ass eng Komponent vun dëser Entwécklungszesummenaarbecht. Den Export vu Waffen a Krichsmaterial an dës Länner muss gestoppt ginn. Sozial Fluchtuersaache mussen endlech konsequent geléist ginn.
Keng finanziell Ofhängegkeet.
Den allgemengen Entwécklungshëllefskompromëss vun de Vereente Natiounen, läit bei 0,70 % getrei Bruttonationalakommes. Lëtzebuerg leescht mat ronn 1% - oder bal 400 Milliounen € - eng iwwerdimensionéiert Spëtzenentwécklungshëllef.

Comments